Wanderfalken Steinfort




 

Update 10/03/2023








Big news coming soon!


Soubal et weider Informatiounen ginn, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.

Update 25/08/2021
Onse Programm fir d'Joer 2021:


- 5. September: IVV Wanderung zu Stengefort ANNULEIERT


Soubal et weider Informatiounen ginn, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.

Update 17/09/2020


Den
13. September 2020 hu mir zu Stengefort eng IVV-Wanderung mat reduzéiertem Programm organiséiert. Mir konnten insgesamt 222 Wanderer begréissen.


Update 04/08/2019
Wanderdag zu Stengefort den 13. September 2020

Folgend Wanderstrecken kënne mir iech an digitaler Form zur Verfügung stellen:

1) Sentier autopédestre Steinfort: Plang / GPX
    Dës Streck ass mam offizielle bloe Feil op wäissem Grond beschëldert.
2) Naturentdeckungspfad Mirador: Plang / Brochure / GPX
    Dës Streck ass mat markanten "Mirador"-Zeechen aus Holz beschëldert.
3) Sentiers thématiques: Plang / GPX 1 / GPX 2 / GPX 3 / GPX 4 / GPX 5
    Dës Strecken kënne mateneen kombinéiert ginn, fir en Tour duerch d'Gemeng (Opgepasst: keng Beschëlderung).


Update 24/04/2020  
Onse Programm fir d'Joer 2020:

- 24. Abrëll: Wanderfalken Generalversammlung ANNULEIERT
- 13. Juni: Marche Guidée, Nuit du Sport Steinfort ANNULEIERT
- 13. September: Digital IVV Wanderung

Soubal et weider Informatiounen zu den Events gëtt, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.



Update 08/09/2019



Op onser IVV-Wanderung vum 8. September waren insgesamt 1071 Wanderer op dräi verschidden Strecken ronderem Stengefort ënnerwee.
E grousse Merci un all Teilnehmer, an un de ganze Staff (42 Fräiwëlleger).





Update 08/06/2019
Am Kader vun der Nuit du Sport hu mir den 8. Juni zu Stengefort eng geféiert Wanderung organiséiert. 28 Wanderer waren op dëser Oweswanderung dobäi.

Update 01/03/2019
 
Onse Programm fir d'Joer 2019:
- 1. Mäerz: Wanderfalken Generalversammlung.
- 8. Juni: Nuit du Sport zu Stengefort / Nuetswanderung
- 8. September: IVV-Wanderung zu Stengefort. Parcours: 6km, 12km & 20km
Soubal et weider Informatiounen zu den Events gëtt, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.




Update 13/09/2018 
Op onser IVV-Wanderung vum 9. September konnte mir 1204 Wanderer zu Stengefort begréissen. Mat dobäi waren och 90 Starter op der Marathonstreck.
E grousse Merci un all Teilnehmer, an un de ganze Staff.
De Parcours 2018 fir nozetrëppelen:
6km: Plang / GPX
12km: Plang / GPX
20km: Plang / GPX
42km: Plang / GPX


Save the date: Nächst IVV-Wanderung zu Stengefort den 8. September 2019

Update 02/06/2018
Am Kader vun der Nuit du Sport hu mir den 2. Juni zu Stengefort eng geféiert Wanderung organiséiert. 68 Wanderer waren op dëser Oweswanderung dobäi.

Update 13/12/2017

Onse provisoresche Programm fir d'Joer 2018:

- 16. Mäerz: Wanderfalken Generalversammlung.
- 2. Juni: Nuit du Sport zu Stengefort / Nuetswanderung
- 31. August: All you can walk in 24h
- 9. September: IVV-Wanderung zu Stengefort. Parcours: 6km, 12km, 20km & 42km Marathon.


Soubal et weider Informatiounen zu den Events gëtt, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.


Update 15/10/2017

 
Am Kader vun der "For Ever Young" Senioren-Foire am Centre Roudemer hu mir den 15. Oktober zwou geféiert Wanderungen organiséiert.
Op den ofwiesslungsräichen Trëppeltier
ronderem Stengefort waren 25 Wanderer mat dobäi.


Update 10/09/2017

 
Op onser IVV-Wanderung vum 10. September 2017 waren 1173 Wanderer bei ons zu Stengefort mat dobäi.
E grousse Merci geet un all Wanderer déi bei ons waren, an un natierlech och de ganze Staff.

Update 20/07/2017
IVV-Wanderung zu Stengefort den 10. September 2017

 > Geoportail < Parcours & GPX-Export
> Flyer < Program & Details

Update 31/05/2017
Am Kader vun der Nuit du Sport hu mir den 20. Mee zu Stengefort eng geféiert Wanderung organiséiert. Bei beschtem Wieder waren 52 Wanderer um ofwiesslungsräichen Trëppeltour mat dobäi.

Save the date: grouss IVV-Wanderung zu Stengefort den 10. September 2017

Update 29/03/2017 

Nuit du Sport zu Stengefort

- Am Kader vun der Nuit du Sport zu Stengefort den 20. Mee 2017 organiséiere mir eng geféiert Wanderung. Fir dës Wanderung ass dann och een IVV-Stempel disponibel.
- Rendez-vous ass um 18h30, kollektiven Départ ass um 19h00.
- Parcours vu 7km, mat engem Ravitaillement ënnerwee.
- Retour zu Stengefort géint 21h00.
- 1,50 Euro Startgeld fir den IVV-Stempel.
- Jiddereen ass wëllkomm fir den Tour matzetrëppelen.
- fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

fir weider Informatiounen:
www.flmp.lu
www.nuitdusport.lu






Update 28/12/2016

Onse Programm fir d'Joer 2017:

- 17. Mäerz: Wanderfalken Generalversammlung.
- 20. Mee: Nuit du Sport zu Stengefort. Mir organiséieren eng geféiert IVV-Wanderung vu 7km.
- 6. bis 10. Juni: Participatioun un der IVV-Olympiade zu Koblenz.
- 10. September: IVV-Wanderung zu Stengefort. Mat Strecken vu 6km, 12km an 20km.


Soubal et weider Informatiounen zu den Events gëtt, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.

Update 11/09/2016

 
Op onser IVV-Wanderung vum 11. September 2016 konnte mir 1198 Wanderer bei ons begréissen. Dovun waren 116 Kanner beim Yuppi-Walk aktiv.
E grousse Merci geet un all Wanderer déi bei ons waren, an un de ganze Staff.

Update 28/02/2016

d’Virbereedunge fir d'Joer 2016 lafe schonn op Héichtouren, hei sinn e puer interessant Datumen:
- 22. Januar: Wanderfalken Generalversammlung.
- 23. Abrëll: Télévie "Centre de Promesse" zu Stengefort.
- 18. Juni: Journée Nationale de la Marche Guidée. Dësen Event ass vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun nei an d'Liewe geruff ginn. Mir plangen eng geféiert Themenwanderung vu ronn 10km mat Start an Ziel am Centre Roudemer zu Stengefort.
- 11. September: IVV-Wanderung zu Stengefort. Mat Strecken vu 6km, 12km an 20km. Nei mat dobäi ass 2016 de Yuppi-Walk fir Kanner bis 12 Joer; bei ons zu Stengefort ass déi 5. vu 6 Etappen.

Soubal et weider Informatiounen zu de jeeweilegen Events ginn, wäerte mir dat och op dëser Plaz matdeelen.

 

Update 12/09/2015

 
Op onser IVV-Wanderung vum Samsden 12. September 2015 konnte mir 532 Wanderer bei ons begréissen.
E grousse Merci geet un all Wanderer déi bei ons waren, an un de ganze Staff.
 

 

Update 28/05/2015

 Den 12. September 2015 ass et nees souwäit:
mir organiséieren déi 81. Editioun vun der IVV-Wanderung zu Stengefort


>> IVV-Wanderung zu Stengefort den 12. September 2015 <<

Update 10/05/2015
Nuit du Sport zu Stengefort

- Am Kader vun der Nuit du Sport zu Stengefort den 16. Mee 2015 organiséiere mir eng geféiert Wanderung.
- Rendez-vous ass um 19h00, kollektiven Départ ass um 19h30.
- Parcours vu 7km, mat engem Ravitaillement ënnerwee.
- Retour zu Stengefort géint 21h30.
- Et fënnt als Veräinsaktivitéit statt, daat heescht ouni IVV-Stempel.
- Jiddereen ass wëllkomm fir den Tour matzetrëppelen.
- weider Informatiounen: http://www.nuitdusport.lu/fr/page-communale/2015/stengefort